
Géint 17.30 Auer waren zwee Autoen op der Tréierer A1 a Richtung Lëtzebuerg aneneegerannt. Et gouf zwee Blesséierter. D’Beruffspompjeeën an zwou Ambulanzen aus der Stad waren op der Plaz.
Um 18.40 Auer krute sech op der B7 tëscht Ettelbréck an Angelduerf an Auto an e Camion ze paken. Hei ass ee Blesséierten ze bekloen. D’Rettungsservicer Nordstad waren am Asaz.
Ee weidere Blesséierte gouf et dann nach bei enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen, déi Kéier zu Boukels bei Housen. Hei waren d’Rettungsservicer vun Housen op der Plaz.
En Dënschdeg um 14.42 krute sech dann nach eemol zwee Autoen ze paken, dat op der A1 a Richtung Stad tëschent dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. D’Rettungsekippen aus der Stad, vun Hesper a vu Mamer waren hei am Asaz.