
De Parquet deelt e Freideg mat, datt d’Chambre du Conseil vum Verwaltungsgeriicht elo zur där Konklusioun koum. 4 Polizisten, déi entretemps vum Déngscht suspendéiert sinn, musse sech an engem Strofprozess wéinst Tortur veräntweren. 3 vun hinne ginn donieft virun eng Chambre correctionnelle geschéckt, wéinst anere Verstéiss, déi an der Enquête opgefall wieren. D’Faite ginn zeréck op den 20. Mee 2023.
Poliziste vun engem Kommissariat op der Stater Gare haten e Mann festgeholl, deen alkoholiséiert war. Hie gouf an d’Ausniichterungszell bruecht an do soll et zu Policegewalt komm sinn. Déi 4 Poliziste waren an der Suite festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm. Am Hierscht 2023 goufe si aus der Untersuchungshaft entlooss.
De Parquet präziséiert, datt d’Ordonnance kee Jugement ass, mä datt et genuch Elementer géing ginn, fir e Strofgeriicht mat der Affär ze saiséieren. Déi concernéiert hu 5 Deeg Zäit fir an Appell ze goen. Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’Présomption d’innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.
RTL-News (4.12.24): Am Kader vum Nuetsmarathon 2023: 4 Poliziste virun Uklo, well se e Mann an enger Zell mësshandelt sollen hunn
RTL-News (20.10.23): Police-Kommissariat op der Gare: Et kënnt zu enger Restrukturéierung
RTL-News (18.10.23): Virworf vu Policegewalt: Firwat souze 4 Polizisten an Untersuchungshaft?
RTL-News (3.10.23): Verdacht op Policegewalt: Och de 4. Polizist gouf aus der Untersuchungshaft entlooss
RTL-News (28.9.23): Verdacht op Policegewalt: 3 vu 4 concernéierte Poliziste goufen aus Untersuchungshaft entlooss
RTL-News (24.8.23): No Tëschefall op Garer-Kommissariat Zwee vun de véier Poliziste kéinte geschwë fräikommen