
An deene meeschte Fäll konnt d’Situatioun séier sur place gekläert ginn. Zu Péiteng hat e Mann d’Clienten an engem Lokal belästegt a wollt dëst och net verloossen. Well e staark alkoholiséiert war, hunn d’Beamten hien an Arrest geholl.
Zu Esch um Boulevard Prince Henri huet e Sonndeg de Moie fréi e Mann randaléiert. Hie war staark alkoholiséiert an huet sech och vun de Beamten net berouege gelooss an ass ëmmer méi aggressiv ginn. Och dëse Mann koum an Arrest.