Aus dem Policebulletin40 Protokoller wéinst Handy um Steier, 3 Leit hu wéinst Alkohol Permis verluer

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger gréisserer Verkéierskontroll zu Déifferdeng huet d'Police e Mëttwoch am spéiden Nomëtte 40 Automobiliste Protokoller ausgedeelt.
© Police Lëtzebuerg

Dat, well si wärend dem Fueren den Handy benotzt haten. Si krute jeeweils Geldstrofe vun 250 Euro a véier Punkte vum Permis ofgeholl. Weider Strofe vu jee 145 Euro an zwee Punkte gouf et emol, well ee Chauffer kee valabele Contrôle technique virweise konnt, an eng aner Kéier, well bei engem Gefier Lacunnen un de Pneue constatéiert goufen. E weidere Chauffer huet mussen eng Strof vu 24 Euro bezuelen, well bei senge Pabeiere Saachen net an der Rei waren.

Och goufen an der Stad um Pont Bucheler Kontrolle gemaach, dat an der Nuecht op en Donneschdeg vun 1.30 bis 2.45 Auer. Dräi Automobiliste kruten hei Protokoller, well si ouni Fürerschäi gefuer sinn oder et Probleemer mat de Pabeiere gouf.

12 Verstéiss bei Camionskontrollen um Fridhaff festgestallt

E Mëttwochnomëtten hat d’Police och um Fridhaff Camionskontrollen duerchgefouert. Am Ganzen néng Camione goufe kontrolléiert, dobäi sinn 12 Verstéiss festgestallt ginn. Beispillsweis huet an e puer Fäll den néidege Sécherheetsekippement gefeelt oder d’Chargë waren net gutt genuch geséchert. Och gouf et Onreegelméissegkeete bei de Pabeieren oder technesch Defiziter bei de Gefierer.

Dräi Permise wéinst Alkohol um Steier agezunn, Farerflucht zu Léiweng

E Mëttwochowend krut d’Police en Accident mat Farerflucht an der Rue de Turi zu Léiweng gemellt, dat schëllegt Gefier konnt bei enger Tankstell gestoppt ginn. Wéi aus dem Policebulletin ervirgeet, waren zwou Persounen am Gefier, dovunner eng Fuererin, déi beim Accident soll Bäifuererin gewiescht sinn an e Bäifuerer, deen den Accident soll verursaacht hunn. D’Fra huet sech de Beamte géigeniwwer onkooperativ verhalen, ausserdeem hat d’Gefier keng valabel Assurance. En Alkoholtest ass bei béide Persoune positiv ausgefall an hir Permise goufen agezunn. D’Gefier gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

Zu Diddeleng war et och e Mëttwochowend en Auto, deen zu Diddeleng op der Place Gymnich d’Ausfaart blockéiert a wéi et du fortgefuer ass, géint en anert Gefier gestouss ass. D’Police konnt déi responsabel Automobilistin an der Rue de Noertzange stoppen, och hei ass en Alkoholtest positiv ausgefall an de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO