
Ewéi de Mouvement écologique e Méindegmoien an engem Communiqué erkläert, gouf et 2018 eng Lëscht vun der Naturverwaltung mat 535 Beem, déi wéinst hire besonnesche Formen, Aart oder Alter zum Beispill geschützt goufen.
Et ware Fierschter, déi proposéiert hunn, wéi eng Beem solle geschützt ginn. Bei enger neier Consultatioun kruten d’Fierschter elo awer gesot, se solle just 2 oder 3 Beem proposéieren, esou de Mouvement écologique, deen déi Demarche “onvertrietbar” fënnt. Der Ëmweltassociatioun no wier d’Auswiel vun de geschützte Beem duerch dës “pauschal” Limitéierung falsch gelaf. Si wëll, datt d’Prozedur fir d’Lëscht z’erstellen, nei lancéiert gëtt.