Op der A344 Chaufferen an d'Netz gaangen, well si onerlaabterweis d'Covoiturage-Spuer benotzt hunn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Police op der A3 eng Verkéierskontroll gemaach, fir ze kucken, ob d'Leit sech un d'Virschrëfte fir déi nei Covoiturage-Spuer halen. 44 Chaufferen hunn dat bei der Kontroll, déi an de Beruffstrafic gefall ass (tëscht 16 an 20 Auer), net gemaach.
© Domingos Oliveira

Insgesamt hunn déi sechs Beamten op der Plaz 44 Chauffere käschteflichteg verwarnt, well si d'Spuer net esou benotzt hunn, wéi virgesinn. Nach emol véier Chauffere kruten ee Protokoll, well si wärend der Faart um Handy waren. Dräi Chaufferen haten iwwerdeems kee Fürerschäin derbäi, wou si kontrolléiert goufen.

An zwee Fäll war d'Steiervignette ofgelaf an zwee Autoen hate rezent keng Controle technique méi um Won. Véier Leit hate Placken, déi net de Bestëmmungen entspriechen. Nach emol fënnef Autoe sinn opgefall, well den Auto net ganz an der Rei war.

Back to Top
CIM LOGO