
Géint 19:30 Auer war enger Patrull zu Nidderkäerjeng e Chauffer opgefall, dee säi Gefier um Trottoir geparkt hat, fir sech donieft z'erliichteren. Bei der uschléissender Kontroll war séier kloer, dass de Mann ze vill gedronk hat. Um Policebüro wollt hie sech awer kengem Test ënnerzéien. Nodeems kloer war, datt hie säi Permis scho verluer hat wéinst Alkohol um Steier, gouf de Parquet informéiert, deen den Auto confisquéiere gelooss huet an et gouf e Protokoll geschriwwen.
Méi spéit, géint 21:30 Auer, hat d'Police d'Meldung kritt vun enger Ausenanersetzung um Terrain vun engem Akafszenter an der Rue des Trois Cantons zu Wickreng. Éischten Informatiounen no waren eng Rei alkoholiséiert Persounen dem Sécherheetspersonal géintiwwer aggressiv opgetrueden. Op der Plaz ukomm, war en alkoholiséierte Chauffer um ieweschte Parkdeck ënnerwee. Opgrond vu sengem Verhale war hie scho virdrun opgefuerdert ginn, d'Plaz ze verloossen. Hien hätt mat sengem Gefier eng Barrière beschiedegt a wier iwwer puer Stäck mat erhéichter Vitess gefuer.
D'Beamten hunn de Mann a sengem Gefier virfonnt an duerno mat op de Büro geholl. Den Alkoholtest war positiv, e provisorescht Fuerverbuet gouf erdeelt, e Protokoll geschriwwen an iwwert e Rendez-vous viru Geriicht dierf de Chauffer sech och freeën.