Lanceur d’alerte oder Presseinformant?Sträit ëm Ofsetzung vun Uni-Departmentschef viru Geriicht

Michèle Sinner
Retaliéiert d'Uni géint Mataarbechter, déi net paréieren, oder mat der Press schwätzen?
D'Maison du Savoir vun der Uni Lëtzebuerg um Belval.
D'Maison du Savoir vun der Uni Lëtzebuerg um Belval.
© Baumschlager Eberle

Nodeems d'Doyenne vun der Fakultéit fir Droit, Ekonomie a Finanzen (FDEF) Enn Abrëll demissionéiert hat, huet d'Rektorat de Chef vum Finanzdepartment Christos Koulovatianos sengem Posten enthuewen. Ëm dës Decisioun goung et e Freiden um Référé administratif. D'Michèle Sinner war nolauschteren.

Sträit ëm Ofsetzung vun Uni-Departmentschef viru Geriicht / Rep. Michèle Sinner

An do gouf et nawell Erstaunleches ze héieren. Net wéinst dem Desaccord doriwwer, ob d'Geriicht iwwerhaapt zoustänneg wier, well d'Mataarbechter privatrechtlech Kontrakter hunn, mee fir eng ëffentlech Institutioun schaffen. Mee doriwwer, firwat de Christos Koulovatianos ofgesat gouf. De Romain Adam, Affekot vun der Uni, huet no der Sitzung an de Mikro erkläert, d'Uni hätt d’Recht, "ad nutum" d’Mandat vum Departementschef ze revoquéieren.

“Dat heescht, wann do d'Rektorat der Meenung ass, datt dat net méi déi richteg Persoun op der richteger Plaz ass, da ka si dee Mandat zréckzéien. Den Här Koulovatianos, dat hu mer extra preziséiert, mir hunn him näischt virzewerfen direkt. Dat geet net dorëms, et geet dorëms, datt en cas de vacance de poste vun der Doyenne mir der Meenung sinn, datt och hei en neie Chef de département soll gewielt ginn, fir datt mer erëm kënnen e Renouveau an dee ganzen Departement kréien.”

D’Perte de confiance géif duergoen, fir esou eng Decisioun. Et bräicht keng spezifesch Motivatioun. Wärend der Sitzung hat hien nieft deem Vertrauensverloscht an dem Wonsch nom organisationelle Renouveau och opgezielt, datt ee gesinn hätt, datt de besote Professer "reegelméisseg mat der Press geschwat" hätt.

Op d’Fro, ob dat also eng vun den Ursaache fir d’Revocatioun gewiescht wär, sot de Romain Adam awer no der Sitzung:

"Nee, nee, guer net, guer net", an huet ofgestridden, déi Ausso gemaach ze hunn. No Consultatioun vun den Notizen huet hien zeréck geruddert:
“Dat mag sinn. Dat ass awer sécherlech net de Grond, firwat mer en elo vu sengem Mandat do ofgewielt hunn.“

Vill méi hätt hie vun der Geleeënheet profitéiert, fir der Uni hir Positioun emol duerzeleeën.

“An dat ass definitiv meng Iwwerzeegung. An der Press stounge ganz vill Saachen, déi einfach net richteg sinn, déi net iwwerenee stëmme mat de Piècen aus dem Dossier.”

Wärend der Sitzung hat de Romain Adam och gesot, et wier an der Press "mam Pifffaass iwwert d’Uni gefuer ginn”.

Hiweiser, datt de Christos Koulovatianos d’Press mat Informatioune gefiddert hätt, gëtt et awer iwwerhaapt keng. Mat RTL Lëtzebuerg, sou vill sief gesot, huet de Mann net geschwat. Eng Recherche no senge Pressementioune weist, datt hien an deene leschte Joren zwar Interviewen zu senger Fuerschung, respektiv als Finanz- a Wirtschaftsexpert ginn huet. Fir de Rescht gouf et bei Mediahuis grouss Artikele mat Foto iwwert seng Revocatioun als Departementschef. Mee och do hat net de Betraffene selwer mat Journaliste geschwat, mee säin Affekot Stéphane Sunnen. Deen seet, säi Client wier e Lanceur d’alerte.

“Well hien huet an deene Méint a Jore virun där Decisioun zu verschiddenen Zäitpunkten Illegalitéiten oder Irregularitéiten denoncéiert bei verschiddene Prozesser op der Uni. An ech sinn der Meenung, dass hien doduercher elo hei sanktionéiert gouf, net berechtegterweis.”

Als Lanceur d’alerte hätt hie Recht op Schutz. Och well seng Karriär duerch d’Decisioun, him säi Mandat ewech ze huelen, irreparabel geschiedegt géing ginn. Dofir kéint een och kee Prozess um Fong ofwaarden. Do, mengt de Stéphane Sunnen allerdéngs, datt ee gutt Chancen hätt, d’Decisioun annuléieren ze loossen.

“Well d'Motivatioun vun der Universitéit hei iwwerhaapt net schlësseg ass an och variéiert. Jee dono, wéini ee mat hir schwätzt. An dass mer do mengen, dass se och do iwwerhaapt net am Gesetz läit.”

D’Cheffe vun deenen aner Departementer vun der FDEF, also vum Droit an der Ekonomie, kruten hir Mandater bis ewell net ewech geholl. Vum Rektorat sengem Wonsch no organisationellem Renouveau ass bis ewell deemno just deen Departementschef betraff, deen Divergenze mat der fréierer Doyenne hat.

D’Decisioun vum Geriicht soll am Laf vun dëser Woch falen.

Back to Top
CIM LOGO