Op der CapCamion krut rout Luucht ze paken

RTL Lëtzebuerg
Op der Areler Strooss zu Capellen ass e Méindeg am Laf vum Nomëtten e Camion iwwert eng rout Luucht gerannt. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn.
Accident op der Areler Strooss zu Capellen
Accident op der Areler Strooss zu Capellen
© Mobile Reporter

Géint 14:45 Auer war et am Laf vum Méindegnomëtteg op der Areler Strooss zu Capellen zu engem Accident komm, wéi e Camion am Beräich vun engem Chantier iwwert eng Verkéiersluucht gerannt ass.

Wéi et zum Tëschefall am Entréesberäich vun enger Crèche konnt kommen, ass nach net gewosst. Eng Persoun ass blesséiert ginn, op der Plaz waren d'Stater Ambulanz an d'Pompjeeë vu Mamer.

Kuerz viru Mëtteg war et donieft en Accident op der Tréierer Autobunn A1 a Richtung Tréier, wou en Auto an d'Leitplanke gerannt war. Eng blesséiert Persoun ass mat de Stater Rettungsdéngschter, déi am Asaz waren, an d'Spidol komm.

E weidere Blesséierte gouf et géint 15:10 Auer op der Route de Luxembourg zu Esch-Uelzecht, wéi en Auto an e Moto sech ze pake kritt haten. Nieft dem SAMU waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch op der Plaz.

Zu Diddeleng waren d'Pompjeeën dann nach an d'Avenue Grande-Duchesse Charlotte geruff ginn, wou Offäll a Brand gerode waren.

Back to Top
CIM LOGO