Rue Prince HenriPresuméierten Abriecher zu Ettelbréck festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Police deelt mat, zu Ettelbréck een Abriecher gepëtzt ze hunn. Bei Abréch an zwee Autoen hate si wéineger Chance.
© Laurent Weber

Um spéide Samschdeg den Owend gouf et an der Rue Prince Henri zu Ettelbréck een Abrochversuch an engem gastronomesche Betrib. Éischten Informatiounen no hat den Täter probéiert, iwwert eng Fënster an eng Dier eran ze kommen, ma et ass him net gelongen an hien ass doropshi geflücht.

Wéi d'Police an hirem Bulletin e Méindeg matdeelt, gouf direkt eng Sich nom presuméierten Täter lancéiert. Ufanks gouf et kee Succès, ma méi spéit konnt de Verdächtegen dunn awer gestallt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a virun een Untersuchungsriichter bruecht.

Och aus Autoe gouf de Weekend geklaut

An der Stad gouf de Beamten e Sonndeg géit 17:45 Auer dann nach gemellt, datt aus engem Auto op dem Parking vun der Place Winston Churchhill geklaut gouf. Éischten Informatiounen no sinn Onbekannter tëscht 12 a 17:45 Auer an de Won agebrach, ma op der Plaz konnte keng Abrochspuere fonnt ginn. Geklaut gouf eng Täsch mat perséinlechen Dokumenter an enger Bankkaart dran, heescht et vun der Police. Si hunn ee Protokoll erstallt.

Géint 21 Auer um Sonndeg den Owend gouf der Police nach een Abroch an een Auto gemellt, dës Kéier um Boulevard de la Pétrusse. Éischten Informatiounen no huet en onbekannten Täter d'Fënster op der Bäifuerersäit mat Gewalt opgemaach, fir an den Auto eran ze kommen. Ënnert anerem goufen eng Auer, een Hausdierschlëssel an een Autosschlëssel aus dem Auto geklaut.

Wéi ee sech a säin Auto am beschte virun esou Abréch ka schützen, kann een hei um Site vun der Police noliesen.

Back to Top
CIM LOGO