
46 Mol gouf en Avertissement taxé geschriwwen, well d’Leit net richteg oder guer net ugestréckt waren. 5 Mol dovunner waren et Kanner, déi net korrekt ugestréckt waren. D’Police erënnert drun, datt de Sécherheetsgurt fir d’Sécherheet am Auto enorm wichteg ass an datt een och bei kuerze Strecke muss ugestréckt sinn.