
Eleng am Zäitraum vum 20. bis de 27. August goufe weider 153 Déiere positiv getest an d’Kränkt gouf a 66 weidere Betriber nogewisen.
Zënter dem Start vun der Impf-Kampagne den 9. August goufen 240.000 Impfunge geliwwert a 70.000 Vaccinen goufen un d’Veterinäre verdeelt.
Am Fall, wou an engem Betrib eng méi héich Mortalitéit constatéiert gëtt, soll dat der ALVA gemellt ginn, heescht et vun der Verwaltung.
A punkto Symptomer kréien d’Déieren ënner anerem Féiwer an eng blo Zong. D’Krankheet geet dacks déidlech aus. Zënter dem 9. August leeft wéi gesot eng Impfcampagne. Fir de Mënsch besteet keng Gefor.
Hei eng Kaart vum Land mat der Verdeelung vun de Fäll als PDF!