
Um CR353 tëschent Selz a Baastenduerf war et um 6.15 Auer en Accident mat zwee Autoe woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanz vun der Nordstad an d’Pompjeeë vun Tandel waren am Asaz.
E weideren Accident mat zwee Gefierer gouf et dann nach um 8 Auer um CR132 tëschent Mënsbech an Nidderaanwen. Hei gouf et 2 Blesséierter ëm déi sech d’Secouristen aus der Stad a vun Nidderaanwen gekëmmert hunn.
An der Mëttesstonn waren dräi Autoen an der Téitenger Haaptstrooss anenee geknuppt, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vun Diddeleng a vu Keel.
E weidere Blesséierte gouf et quasi zäitgläich an der Rue de l’Usine zu Bieles. Hei war een Automobilist accidentéiert.
Um 14.35 Auer gouf et dann nach en Accident mat enger Camionnette, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen, dat op der A13 am Tunnel Markusbierg a Richtung Schengen. D’Secouriste vu Réimech a Munneref waren am Asaz.