
Hei gouf et ee Blesséierten.
Zu Esch-Lalleng huet um 12.43 Auer en Auto gebrannt. Et blouf beim Materialschued.
Um 12.51 Auer war et zu Welleschten ee Kichebrand.
Zu Iechternach ass géint 13.44 Auer ee Motocyclist gefall. Derbäi gouf eng Persoun verwonnt.
Um 14.23 Auer war et zu Esch e Feier an enger Fabréck. Kee Mënsch gouf derbäi ze Schued.
Géint 14.46 Auer ass een Cyclist zu Eppelduerf gefall an huet sech blesséiert.
En Auto op der Kopp gouf um 15.54 Auer zu Boukels gemellt. Et gouf ee Verwonnten.
Um 16.07 Auer war et zu Béiwen d’Chute vun engem Motocyclist. Eng Persoun gouf beim Tëschefall blesséiert.