CGDIS5 Blesséierter bei 5 Accidenter um Dënschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Zu Hollerech war et um 13.54 Auer een Accident tëscht engem Auto an engem Motocyclist an der Rue Baudouin.

Um 13.57 Auer hu sech zu Esch um Boulevard Grand-Duchesse Charlotte 2 Gefierer ze pake kritt.

Um 14.08 Auer war et ee Won op der Kopp op der A7 Mierscherbierg Richtung Stad.

Zu Bartreng gouf um 15.51 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss am Rond-point Bourmicht.

Tëscht dem Scheedhaff a Konter war et um 16.32 Auer eng Kollisioun tëscht zwee Autoen.

Bei all dësen Accidenter gouf et allkéiers ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO