
Zu Esch war e Motocyclist an eng Mauer gerannt, tëscht Esch a Bieles krute sech zwee Autoen ze paken an tëscht Uewerkäerjeng an Héiweng waren och zwee Autoen aneneegerannt.
Déi lokal Secouriste waren all Kéier am Asaz.
En Dënschdeg am Nomëtte war et géint 15.25 Auer en Auto, dee géint e Motorrad gerannt ass. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Eng gutt Stonn méi spéit koum et an der Dikrecherstrooss zu Holztem zu engem Accident, bei deem zwee Gefierer net laanschtenee komm sinn. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.