Muss ech wielen? A wéi wielen?5 Froe ronderëm d'Europawalen

RTL Lëtzebuerg
Schonn d'lescht Joer gouf zu Lëtzebuerg zweemol gewielt. Ma elo geet et ëm d'Europawalen. Hei si fënnef Froen an Äntwerten zum Oflaf.

Muss ech wielen?

Zu Lëtzebuerg gëllt d’Walflicht. Dat gëllt souwuel fir d’Nationalwale wéi och fir d’Europawalen. All Bierger vu Lëtzebuerg, deen op der Lëscht agedroen ass, muss och wiele goen. D’Walflicht gëllt fir all Resident mat Lëtzebuerger Nationalitéit am Alter vun 18 bis 75 Joer. Huet een eng aner EU-Nationalitéit an et lieft een zu Lëtzebuerg, kann een och zu Lëtzebuerg un den EU-Walen deelhuelen. Dann huet ee sech awer am Virfeld missen op eng Lëscht aschreiwen.

Wéi kann ech wielen?

Jiddereen, dee wiele goe muss, krut vu senger Gemeng e Bréif heemgeschéckt mat all den Instruktiounen, wou a wéini gewielt gëtt. Op dësem Bréif steet eng Adress drop, wou gewielt gëtt. Hei muss een dann eng Carte d’identité oder e Pass virweisen an et kritt ee säi Walziedel.

An enger Kabinn kann ee seng Kräizer maachen, et stécht een de Walziedel duerno an d’Walurn.

Zu Lëtzebuerg gi 6 Mandater fir d’EU-Parlament gewielt. Et kann een entweder eng ganz Partei-Lëscht ukräizen oder seng 6 Stëmmen op verschidde Kandidate verdeelen. Dat nennt een och panaschéieren.
Wann ee panaschéiert, dierf ee maximal 6 Kräizer maachen.
Et dierf een also net méi Kräizer maachen, wéi Mandater ze vergi sinn.

Wann ee sech am Virfeld fir d’Bréifwal ugemellt huet, da kritt een e Bréif heemgeschéckt mat sengem Walziedel an enger Enveloppe. Et fëllt een de Walziedel aus a schéckt dësen an der Enveloppe per Post. D’Adress vum Walbüro ass op der Enveloppe schonn uginn. Et muss een also net no enger Adress sichen.

Et kann ee weder online wielen, nach kann ee sech bei de Wale vun enger vollberechtegter Persoun vertriede loossen.

Wat ass wann ech keng Convocatioun krut?

Wann ee keng Convocatioun krut an awer Walberechtegt ass, da kann ee sech beim Walbüro mat senger Carte d’identité oder sengem Pass virweisen.

Dat selwecht gëllt, wann ee seng Convocatioun verluer huet. Och da kann ee sech am Walbüro a senger Gemeng presentéieren an et dierf ee wielen.

Wéini muss ech wiele goen?

Gewielt gëtt den 9. Juni 2024, also dëse Sonndeg, dat tëscht 8 a 14 Auer.

Ëm wat geet et bei den Europawalen?

Bei den Europawale ginn all fënnef Joer d’Deputéiert vum EU-Parlament gewielt. D’Parlament setzt sech aus méi wéi 700 Deputéierten aus 27 EU-Länner zesummen. Dat heescht, dass an den nächsten Deeg an de 27 EU-Länner gewielt gëtt.

Dëst Joer gi 720 Deputéierte gewielt. Bei de leschte Walen am Joer 2019 waren et 705.

Wéi vill Deputéierten an engem Land gewielt ginn, hänkt vum Land of. Zu Lëtzebuerg ginn dëst Joer 6 Deputéierte gewielt, an Däitschland sinn et 96 a bei eise franséischen Noperen 81.

Eng Rei Erklärvideoen zu de Wale vum Zentrum fir politesch Bildung fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO