
An de meeschte Fäll hate sech Streidereien, Kläppereie souwéi d’Fäll, wou géint d’Nuetsrou verstouss gouf, arrangéiert soubal d’Beamten op der Plaz waren.
Ma net ëmmer...
Eng Kläpperei tëscht e puer Persoune gouf zum Beispill an der Stater Groussgaass. Op der Plaz huet d’Police zwee Blesséierter virfonnt, déi éischten Informatiounen no vun zwee aner Männer belästegt gi waren. Wéi et zu Handgräiflechkeete koum huet ee vun hinne Pefferspray agesat an déi zwee si fortgelaf. Ee vun den Affer huet misse fir eng Kontroll an d’Spidol. D’Ermëttlungen an dësem Fall lafen.
Méi spéit an der Nuecht ass op der Paräisser Plaz en alkoholiséierte Mann op den Tramsschinnen opfälleg ginn. Eng Patrull ass kucke gefuer an huet decidéiert, de Mann no enger medezinescher Ënnersichung an Arrest ze setzen. Hien huet eng Gefor fir sech an anerer duergestallt.