Ronn 1.760 Leit hunn hir Aarbecht verluer570 Faillite bannent den éischte sechs Méint vum Joer

RTL Lëtzebuerg
Am meeschte Faillite gouf et mat 155 am Secteur vun den Holdingen an Investment-Fongen.
© Envato Orcearo

Bannent de leschte sechs Méint hu 570 Firme misste Faillite deklaréieren. Dat sinn der ronn 30 méi wéi d’éischt Semester zejoert. Dat geet aus enger Nott vum Statec ervir. Doduerch datt dës Betriber opgehalen hunn, hunn eng 1.760 Leit hir Plaz verluer. Esou eng héich Perte vun Aarbechtsplazen duerch Faillitte gouf et zanter iwwer 11 Joer net méi.

Am Detail gekuckt hu bannent dem leschten hallwe Joer 102 Firmen aus dem Bausecteur de Schlëssel ënnert den Tapis geluecht. 830 Leit hunn dowéinst hiren Job verluer.

Déi meescht Faillitte gouf et mat 155 iwwerdeems am Secteur vun den Holdingen an Investment-Fongen. Am Commerce hunn 90 Betriber opgehale mat schaffen, am HORECA-Secteur waren et der 58.

Bannent den éischten 6 Méint vum Joer goufen dann och 69 Firme liquidéiert, also de komplette Patrimoine verkaf, well Rechnungen net méi konnte bezuelt ginn. Dat sinn der mat engem Minus vun 83 % substantiell manner wéi d’éischt Semester zejoert.

Back to Top
CIM LOGO