Héicht Gaasperech6 Blesséierter bei Massekarambolage op der A3

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS goufen e Méindeg op zwee verschidden Accidenter geruff ginn, bei deenen am Ganze 7 Leit blesséiert goufen.
© RTL

Bei enger Massekarambolage op der A3 a Richtung Stad, Héicht Gaasperech, ware kuerz no 11 Auer 6 Persoune blesséiert ginn, wéi eng ganz Partie Autoen, wéi den 112 schreift, anenee gerannt waren. Um Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Beetebuerg, dem Réiserbann an aus der Stad.

Eng weider Persoun gouf blesséiert, wéi et géint 13.43 Auer zu Rodange an der Avenue de l’Europe zu engem Accident koum. D’Ambulanciere vum SaDiff an d’Pompjeeë vu Péiteng waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO