Zanter der Ouverture 202260 Interventioune vu spezialiséierte Giischtercher am Prisong um Uerschterhaff

RTL Lëtzebuerg
Zanter de Prisong fir Untersuchungshäftlingen am Dezember 2022 opgaangen ass, goufen et 60 Interventioune vum Groupe d'Internvention Pénitentiaire (GRIP).
© RTL Archivbild

Dat schreift d’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana. Am Prisong zu Schraasseg goufen et an de leschte fënnef Joer am Ganzen 131 Interventioune vun deenen Ekippen, déi equipéiert si mat spezielle Schutzkleeder a Waffe wéi Paintball-Schosswaffen oder Pefferspray.

Aktuell géingen zu Schraasseg 19 GRIP-Agente schaffen. Hei wier net virgesinn, d’Ekipp ze vergréisseren. Um Uerschterhaff wieren et 27 Beamten. Well d’Zuel vun Interventioune géing eropgoen a wéinst der interner Organisatioun vum Prisong, kéint et mëttelfristeg noutwenneg ginn, d’Ekipp ze vergréisseren, esou d’Ministesch.

Back to Top
CIM LOGO