Suitte vu gewaltsamen Déifställ61 Prozent vun den Affer fille sech vulnerabel an onsécher

RTL Lëtzebuerg
Nieft de physeschen a finanzielle Suitten hu Gewaltdoten och Suitte fir dat emotionaalt Wuelbefannen an déi mental Gesondheet vun den Affer.
© Envato / vadymvdrobot

Dat geet aus engem Pabeier vum Statec ervir. Dëse baséiert op enger Ëmfro, déi wärend de Joren 2019 an 2020 gemaach gouf.

Aus den Donnéeë vun der Ëmfro geet dann ervir, dass 31 Prozent vun de Männer, déi Affer vun engem gewaltsamen Déifstall ginn, dobäi blesséiert ginn. Dat géintiwwer 18 Prozent vun de weiblechen Affer vun esou enger Dot. Am Hibléck op den Alter sinn et virun allem d’Persounen am Alter tëscht 35 a 54 Joer, déi am dackste bei engem gewaltsamen Iwwerfall blesséiert ginn.

D’Gewalt hätt dem Statec no allerdéngs och en emotionalen a mentalen Impakt op d’Affer. Esou hu 56 Prozent vun den Affer uginn, dass si Angscht respektiv Panik verspiere géifen. 37 Prozent hunn uginn, dass si no der Dot an engem Schockzoustand gewiescht wieren. Bei de weiblechen Affer sinn dës Suitten an der Moyenne méi dacks opgetrueden.

61 Prozent vun den Affer hunn iwwerdeems uginn, dass si u Selbstvertraue verluer, a sech vulnerabel an onsécher gefillt hunn.

Deels huet d’Gewalt awer och zu méi uerge psychologesche Konsequenze gefouert. 18 Prozent vun den Affer hunn uginn, Schlof- respektiv Iessstéierungen ze hunn, 12 Prozent hu sech nom Tëschefall sozial isoléiert an 3 Prozent hu sech esouguer selwer verstümmelt oder hate suizidär Gedanken. Och hei waren d’Fraen an der Moyenne méi staark betraff.

De mentalen Impakt ass dann och ofhängeg vum Alter vun den Affer. Persounen, déi manner ewéi 35 Joer hunn, leiden no enger Gewaltdot méi dacks un Iess- oder Schlofprobleemer ewéi de Rescht vun der Gesellschaft. Si isoléiere sech och méi dacks. Leit, déi tëscht 35 a 54 Joer al sinn, schumme sech méi dacks, dass si zum Affer goufen a si ville sech méi dacks vulnerabel. Ausserdeem hu si no der Dot méi dacks Probleemer mat der Memoire oder der Konzentratioun.

Och déi laangfristeg psychesch Suitte variéiere mam Alter an dem Geschlecht vun den Affer. Fraen hunn am Schnëtt méi dacks mat dëse Suitten ze kämpfen ewéi Männer, an Affer am Alter tëscht 35 a 54 Joer si méi dacks vun dëse Suitte betraff ewéi Affer aus aneren Altersgruppen.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.

Back to Top
CIM LOGO