
Wärend dem 16. an 30. September war d’Police méi an der Géigend vu Schoulen ënnerwee an huet do an der Haaptsaach missen agräifen, well falsch geparkt gouf. Net manner wéi 662 Protokoller goufen an deem Sënn verdeelt. 238 Avertissements taxées gouf et wéinst ze héijer Vitess an a 55 Fäll war de Gurt vergiess ginn - 41 dovu waren Erwuessener, 14 mannerjäreg. Dann ass et nach virkomm, dass keen adequate Kannersëtz am Auto war. Hei gouf et 6 Mol e Protokoll.
D’Police appelléiert un all d’Participanten am Stroosseverkéier, och baussent der Rentrée op Kanner opzepassen an d’Vitess ronderëm d’Schoulen entspriechend unzepassen.