Coronavirus zu Lëtzebuerg622 vun 1.694 PCR-Tester positiv an 3 weider Doudeger

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 3 op 1.106 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 33 Persounen hospitaliséiert, 1 Patient ass op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.287.484 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,90. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO