Kampf géint den Drogenhandel63 Gefierer an 107 Persoune goufen op der A3 an A6 gestoppt a kontrolléiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Lëtzebuerger Police sech um EMPACT-Aktiounsdag zur Bekämpfung vum Drogenhandel op Europol-Niveau bedeelegt.
© Police

Zesumme mat der Douane gouf tëscht 16 an 22 Auer op der Areler A6 op der Héicht vu Mamer kontrolléiert. Zäitgläich war eng weider Kontroll op der Diddelenger A3 bei Léiweng. Am Viséier waren deemno d’Gefierer, déi aus dem Ausland a Lëtzebuerg agereest sinn.

Op der A3 goufen der Police no am Ganzen 29 Ween a 50 Persoune kontrolléiert. Hei gouf bei dräi Leit Droge fonnt.
Op der A6 waren et 34 Gefierer a 57 Persounen. Bei enger Persoun gouf effektiv eng gréisser Quantitéit Kokain séchergestallt. De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO