
De Staat ass fir ee weidere Vertrag iwwert den Asaz vun CFL-Bussen. Et geet ëm 692 Milliounen Euro fir d’Period 2025 bis 2035. D’legal Basis fir d’CFL-Busser gëtt ofgeännert, d’Volete Bus an Zuch gi getrennt. D’Transportministesch Yuriko Backes huet Detailer zum Projet de loi an der zoustänneger Chamberkommissioun ginn.
D’CFL bedreiwen aktuell 10 Buslinnen.
Op d’Fro, firwat d’Käschte pro gefuerene Kilometer bei den CFL méi héich si wéi bei de Privatfirmen ënner dem RGTR-Vertrag, war et d’Äntwert, dass dat un de méi héije Paie bei den CFL läit.
Parallel gouf et d’Prezisioun, dass d’Regierung net wëlles huet, d’Progressioun vun de Paie bei den CFL ze reforméieren.