
Zu Hamm krute sech e Freideg den Owend géint 17.45 Auer zwee Autoen ze paken, eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn.
Géint 18.30 Auer waren op der B7 bei Schieren 2 Autoen an 2 Camionen aneneegerannt. 2 Persoune goufe blesséiert. Och de Samu war op der Plaz.
Ronn eng Stonn méi spéit war et en Accident mat zwee Gefierer op der A7 um Zéissenger Kräiz. Hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.
An der Weilerbaach si géint 22.30 Auer zwee Gefierer net laanschtenee komm. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.
De Samschdeg de Moie géint 4.30 Auer ass dann zu Esch an der Schëfflenger Strooss schonn e Moto an e geparkten Auto gerannt. De Motocyclist gouf dobäi blesséiert.
Nëmme kuerz drop gouf et en Accident tëscht Lelleg an Hierber. Hei ass eng weider Persoun blesséiert ginn.