
Virop mellt de CGDIS, datt sech um 7.48 Auer zu Stengefort an der Rue de Koerich 2 Autoen ze pake kruten. Derbäi gouf eng Persoun blesséiert.
Um 9.54 Auer war et an der Lëpschter Dällt Richtung Houschent d’Chute vun engem Motocyclist. Heibäi gouf awer kee verwonnt.
E weideren Accident ouni Blesséierter gouf et dann am Nomëtteg an der Stawelerstrooss zu Huldang, hei waren zwee Gefierer aneneegerannt.
Géint 14.10 Auer gouf et e weideren Accident tëschent zwee Autoen an der Areler Strooss zu Stroossen, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D’Rettungsekippe vun der Stad, Bartreng a Mamer waren am Asaz.
Bei engem Accident tëschent engem Motorrad an engem Auto géint 15.34 Auer zu Grolënster an der Rue de Blumenthal gouf et ee Blesséierten, genee wéi och um 15.41 Auer zu Eschweiler. Hei stoung en Auto op der Kopp. Zu Grolënster waren d’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Jonglënster am Asaz, zu Eschweiler waren d’Ekippe vu Mäertert a Mensder op der Plaz.
Fir 14.08 Auer mellt de CGDIS dann nach eng Heebott zu Bruch an der Gemeng Biwer, déi gebrannt huet.
Géint 16.50 Auer koum et dunn zu engem weideren Accident op der N7 tëschent Fléiber an der Maarkebaach. Hei krute sech en Automobilist an e Motorrad ze paken. Zwou Persoune goufe blesséiert, si koume béid an d’Spidol. D’Strooss war wärend ronn 20 Minutte fir den Trafic a béid Richtunge gespaart, ass entretemps awer nees op.
