
Kuerz no 19 Auer waren op der A4 Richtung Esch, tëscht Steebrécken a Féiz en Auto an en Motorrad net laanschtenee komm. De Motocyclist gouf liicht verwonnt, wéi d’Police um Samschdeg de Moie matdeelt. Bei him war den Alkohol- an Drogentest dann och positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.
Géint 00.50 Auer sinn op der A3 Richtung Metz, tëscht dem Beetebuerger Kräiz an Diddeleng 2 Autoen anenee gerannt. Hei koum ënnert anerem de SAMU aus der Stad an den Asaz. Zwou Persoune goufe verwonnt. Wéi d’Police präziséiert, war et bei engem Iwwerhuelmanöver zu der Kollisioun komm. D’Autobunn a Richtung Frankräich war duerch den Accident fir kuerz Zäit komplett blockéiert.
Géint 1.20 Auer ass dann op der B40 Richtung Audun-le-Tiche (Däitsch-Oth) en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. Och hei huet de SAMU mussen an den Asaz. Eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz virun 2 Auer huet et zu Suessem an der Rue de Niederkorn gerabbelt. Eng Automobilistin war an e geparkten Auto gerannt. 3 Persounen am Auto koume fir eng Kontroll an d’Klinik.
Um Samschdeg de Moie kuerz virun 10 Auer gouf ass tëscht Dierbech an der Giewelsmillen en Automobilist an e Bam gerannt. Zwou Persoune goufe verwonnt.