
Wéinst aggravéiertem Steier-Bedruch war den Escher DP-Schäffen Pim Knaff jo zu enger Strof vu knapp 10.000 Euro verurteelt ginn. Dëst am Kader vun engem “jugement sur accord”, enger Prozedur, déi et eréischt zanter 9 zu Lëtzebuerg gëtt. Et geet also ëm eng Negociatioun tëscht dem Parquet an dem Auteur vun enger Infraktioun.
Ma de liberale Schäffe vun Esch ass net deen eenzegen, dee vun dëser Prozedur Gebrauch gemaach huet.Bannent de leschte fënnef Joer goufen et 70 sou Jugementer op Basis vun engem Accord a Steierfroen, bei deenen 53 Leit verurteelt goufen. Alles an allem goung et ëm Affären an Héicht vu bal 23 Milliounen Euro u Steieren, déi net deklaréiert gi waren. An der uergster Affär hat eng Persoun probéiert, ronn zwou Milliounen Euro direkt Steieren z’evitéieren.
D’Strofen, déi vun de Stater an Dikrecher Parquete geschwat goufen, hu knapp 2,8 Milliounen Euro ausgemaach. Eleng dëst Joer goufen et ewell 13 “jugements sur accord” wéinst Steierbedruch. All dës Jugementer sinn och anonymiséiert um Site vun der Justiz ze fannen.
Dës Informatioune ginn aus der Justizministesch Elisabeth Margue hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana a Mars Di Bartolomeo ervir.