Dat sot d’Dr. Isabel De La Fuente Garcia aus der Kannerklinick RTL géintiwwer. Geimpft goufen d’Kanner bis den 1. Mäerz, wann d’Elteren dat wollten, an der Maternité, soubal si op d’Welt koumen. Den nächsten Hierscht geet et da mat dëser Campagne weider. Woubäi et dann och nach eng nei Impfung soll ginn.
Besonnesch wéi den RS-Virus vun Oktober bis Dezember vill am Ëmlaf war, konnt d’Maternité am CHL en Immunisatiounstaux vun iwwer 90 Prozent erreechen. Fir en neit Medikament wier dat exzellent, esou d’Pediater Dr. Isabel De La Fuente Garcia. D’Medikament wier gutt akzeptéiert ginn an et hätt een d’Resultat och an den Zuele bemierkt. Bei de Puppelcher bis 6 Méint huet d’Klinick nämlech 70 Prozent manner Hospitalisatioune registréiert.
Den Ament am Fréijoer wier d’Immuniséierung no der Gebuert net méi néideg, well de Virus net méi esou zirkuléiert. Well d’Erfarung mam Medikament, deen de Kanner Antikierper gëtt, gutt wier, wéilt een domadder weiderfueren. Dobäi kënnt awer eng Impfung fir schwanger Fraen, erkläert d’Dr. De La Fuente Garcia aus der Kannerklinick. D’Mamm entwéckelt dann d’Antikierper duerch de Vaccin a gëtt dës un dat ongebuerent Kand weider.
Esou e Vaccin wärend der Schwangerschaft gëtt och fir d’Coqueluche geroden. Besonnesch fir ganz kleng Kanner kann nämlech dëse sougenannte bloen Houscht souguer déidlech sinn. Wat den RS-Virus ugeet, réit d’Dr. de la Fuente Garcia, d’Kanner an den éischte 6 Liewensméint besonnesch ze schützen.
Dowéinst wier et och ugeroden, d’Kanner, déi elo op d’Welt kommen, nodréiglech virum Hierscht nach mam Medikament, deen hinnen Antikierper gëtt, ze protegéieren.
