
Kuerz no 15 Auer en Donneschdeg de Mëtteg war e Chauffer um CR144 tëscht Éinen a Lenneng vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt.
De blesséierte Mann gouf vun de Rettungsdéngschter nach fréi genuch aus dem Won geholl, éier dëse kuerz drop Feier gefaangen huet. No enger Éischtversuergung koum den 79 Joer ale Mann aus dem Osten an d’Spidol, wou hien am spéiden Nomëtteg un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen ass.
De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz, fir d’Ursaach vum Accident z’ermëttelen.
Donieft gouf e Motorradsfuerer en Donneschdeg géint 17 Auer op der N10 tëscht Veianen a Biwels schwéier blesséiert. Och hie koum no enger éischter medezinescher Versuergung fir eng weider Behandlung an d’Spidol. Um Moto gouf et en Totalschued.