
Op der Diddelenger Autobunn goufen 3 Leit verwonnt wéi op der Héicht vu Léiweng gëscht Owend um 6 Auer zwee Autoen anenee gerannt sinn.
Zu Hoen sinn um 23.30 Auer och zwee Autoe matenee kollidéiert an och hei sinn 3 Persounen blesséiert ginn.
An an der Nuecht op e Samschdeg ass nach um 3.50 Auer en Auto zur Dräibuer an de Gruef geroden. Eng Persoun ass bei deem Tëschefall verwonnt ginn.
Eng weider Persoun gouf iwwerdeem e Samschdeg de Moien um 6.26 Auer blesséiert ginn, wéi sech en Auto iwwerschloen hat.