
Am Virmëtteg koum jo e Motocyclist bei engem Accident tëschent Amber an Allënster ëm d’Liewen.
Géint 11.38 Auer gouf et dann nach e Blesséierte bei engem Accident um CR101 tëschent Koplescht a Schëndels, wéi en Auto an e Camion gerannt ass. D’Pompjeeë vu Miersch, wéi och d’Ambulanz vu Lëntgen waren op der Plaz.
Ganzer dräi Blesséierter gouf et an der Lonkecher Strooss zu Péiteng kuerz virun der Mëttesstonn, wéi zwee Autoen hei net laanschtenee komm sinn. Nieft de Pompjeeë vu Péiteng hunn zwou Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng musse geruff ginn.
Um 14.49 Auer gouf et dann nach e Blesséierten op der A3 a Richtung Metz, tëschent der Aire de Berchem a Léiweng. Och hei war e en Auto an e Camion geknuppt, et gouf eng Persoun dobäi blesséiert. D’Rettungsekippe vu Réiser, der Stad a Beetebuerg waren am Asaz.
Um 16.15 Auer huet et dann och an der Rue de la Gare zu Schuller gerabbelt. Och hei gouf et eng Kollisioun tëschent zwee Gefierer, wouduerch dräi Persoune blesséiert goufen. D’Rettungsekippe vun Dippech, Mamer, Péiteng a Suessem-Déifferdeng goufen op d’Plaz geruff.