Stater Geriicht8 Joer Prisong, Hallschent op Sursis, wéinst Kierperverletzung mat Doudesfolleg

RTL Lëtzebuerg
Den Täter hat am November 2019 zu Lénger e Mann mat enger voller Fläsch op de Kapp geschloen, wat e puer Deeg méi spéit zum Doud vum Affer sollt féieren.
© RTL (Archiv)

Um Geriicht an der Stad ass en Dënschdeg e Mann zu 8 Joer Prisong verurteelt ginn, wéinst Kierperverletzung mat Doudesfolleg. D’Hallschent vun der Strof ass op Sursis.

Nieft d’Prisongsstrof kommen nach Dedommagementer an Héicht vun 30.000 Euro derbäi, fir d’Kand vum Affer an deem seng Mamm.

Back to Top
CIM LOGO