Alkoholkontrolle vum Parquet85 Automobiliste goufe kontrolléiert, a 7 Fäll war den Alkoholtest positiv

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police eng Partie Alkoholkontrollen op Uerder vum Parquet gemaach.

Dës waren tëscht 23 Auer an Hallefnuecht zu Izeg, tëscht 1 an 2 Auer an der Stad um Boulevard de Kockelscheuer an tëscht 2 an 2.45 Auer (Wanterzäit) an der Stad um Boulevard Dr. Charles Marx. 85 Automobiliste sinn dobäi kontrolléiert ginn, 7 Tester ware positiv an et goufe 5 Procès-verballen ausgeschwat.

Nieft den Alkoholkontrolle vum Parquet huet awer zu Esch ee Mann säi Permis missen ofginn. D’Police gouf an d’Rue d’Audun geruff, well eng alkoholiséiert Persoun probéiert huet, mat sengem Auto fortzefueren. D’Beamten hunn de Mann direkt gestoppt, den Alkoholtest war positiv an de Permis fort.

An der Nuecht op e Sonndeg hunn d’Polizisten dann och nach op engem Bal zu Ierpeldeng missen intervenéieren. Do koum et nämlech zu enger Kläpperei.

Back to Top
CIM LOGO