Exzessiv Vitess89 km/h a 50er-Zon zu Stroossen a mat 123 km/h bei erlaabte 70 op der A4

Andy Brücker
Vun e Méindeg op en Dënschdeg sinn der Police nees e puer presséiert Automobilisten an d'Netz gaangen.
© Laurent Weber

Zu Nidderkuer gouf d'Police e Méindeg den Owend géint 20:30 Auer drop higewisen, dass an der Rue Pierre Schuetz e Mann mat sengem Auto ënnerwee wier, obwuel hien aktuell e Fuerverbuet huet. Den Auto konnt dann och kuerz drop bei him doheem lokaliséiert ginn. Den Auto gouf op Uerder vum Parquet séchergestallt an e Protokoll gouf geschriwwen. Eng weider Enquête gouf an d'Weeër geleet.

Kuerz virun Hallefnuecht huet d'Police op der A4 op der Héicht vu Steebrécken eng Vitesskontroll gemaach. Hei gëllt aktuell en Tempolimitt vu 70 km/h. En Automobilist gouf hei awer mat 123 km/h gemooss. De Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.

Um 1:50 Auer huet d'Police dann nach eng Vitesskontroll op der Areler Strooss zu Stroossen gemaach. Och déi war net vu Muttwëll, well hei ass een Automobilist mat 89 km/h gemooss ginn. Erlaabt sinn hei just 50 Stonnekilometer. Bei der Kontroll vum Chauffer sollt sech erausstellen, dass dësen och nach gedronk hat. E provisorescht Fuerverbuet war d'Suitte.

Back to Top
CIM LOGO