Justizministère9 Membere vum neie Conseil National de la Justice vereedegt

RTL Lëtzebuerg
Assermentéiert goufen e Mëttwoch och déi 9 Suppleante vum neie Conseil, deem seng Membere bis Mëtt 2027 genannt sinn.

No de respektive Walen um Niveau vun der Magistratur an an der Chamber goufen e Mëttwoch déi 9 Membere vum neie Conseil National de la Justice vun der grénger Justizministesch Sam Tanson vereedegt.

Nieft de 6 Memberen, déi vun der Magistratur gewielt goufen, ass d’Valérie Dupong d’Vertriederin vun den Affekote vum Stater an dem Dikrecher Barreau, iwwerdeem d’Viviane Ecker an de Jean-Jacques Rommes vun den Deputéierten an der Chamber als Vertrieder vun der Zivilgesellschaft designéiert goufen.

Assermentéiert goufen e Mëttwoch och déi 9 Suppleante vum neie Conseil, deem seng Membere bis Mëtt 2027 genannt sinn.

No jorelaangem Hin an Hier iwwert d’Onofhängegkeet vum Parquet vis-à-vis zum Justizministère an der Exekutif, gouf de Gesetzesprojet iwwert den CNJ am Dezember gestëmmt. D’Missioun vum Conseil ass et, “de Fonctionnement vun der Justice am Respekt vu senger Onofhängechkeet” ze garantéieren an deemno och Doleancen a Plaintë vun de Bierger unzehuelen, déi eventuell Dysfonctionnementer bannent der Justice concernéieren.

LINK: Schreiwes vum Justizministère

Back to Top
CIM LOGO