Drogekonsum9 Persoune sinn 2023 un enger Iwwerdosis zu Lëtzebuerg gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wat gëtt a punkto Präventioun, mee och Behandlung a Rehabilitatioun gemaach? Ënnert anerem dat wollt d'CSV an enger parlamentarescher Fro wëssen.

Néng Persoune sinn zejoert un enger Iwwerdosis gestuerwen. 2015 waren et nach zwielef Iwwerdosis-Doudesfäll, 2022 waren et aacht Fäll. Den Taux vun der Stierflechkeet, deen direkt mam Drogekonsum verbonnen ass, wier also an de leschte Jore generell erofgaangen, präziséiert d’Martine Deprez an hirer Äntwert.

Drogekonsum zu Lëtzebuerg / Reportage Claudia Kollwelter

D’Substanzen, déi am heefegsten zu Iwwerdosisse gefouert hunn, wieren Opioiden a Kokain. Datt d’Doudesfäll ofgeholl hätten, wier virun allem duerch d’Aféierung vun den iwwerwaachte Konsumraim ze erklären. Mee och d’Dezentraliséierung an d’Erweiderung vum Programm vun der Substitutiounsbehandlung géif eng Roll spillen.

A punkto Präventioun géif am Kader vum nationalen Drogeplang, dee bis 2024 leeft, d’Offer permanent weiderentwéckelt ginn. Ob d’Fro vu Behandlungs- a Rehabilitatiouns-Programmer liwwert d’Ministesch iwwerdeems keng präzis Äntwert.

D’CSV wollt donieft och wëssen, wéi et mat de Mesuren a punkto Bekämpfung vum Drogenhandel ausgesäit. D’Ministesch Deprez präziséiert, datt praktesch all Affär vun Drogenhandel eng Partie transnational Punkten opweist, wouduerch d’Enquêtë schwiereg a laangwiereg sinn. De Grand-Duché wier do op international Zesummenaarbecht ugewisen. Bei den Enquêtë géif et net just drëm goen, eenzel Dealer festzehuelen, mee eng ganz Struktur vun enger krimineller Organisatioun ze duerchbriechen. Zejoert wieren iwwer 3.100 Infraktiounen a Verbindung mat Droge festgestallt ginn an 187 Persounen, déi géint d’Drogegesetz verstouss hunn, verhaft ginn.

D’Police wier awer net just mat den Enquêtë beschäftegt, mee géif och vill a punkto Präventioun, notamment a Schoulen, Repressioun, duerch méi Policepresenz an international Police-Kooperatioune maachen.

Back to Top
CIM LOGO