
9 vun den 22 kontrolléierte Camionen hate grouss Mängel. Zwee Gefierer haten zum Beispill esou ofgenotzte Pneuen, datt si net méi hunn dierfe weiderfueren. Ee Muldekipper, dee Sand gelueden hat, war net richteg ofgeséchert: de Sand war net ofgedeckt.

Donieft huet d'Police misse feststellen, datt et bei de kontrolléierte Camionen am Ganzen 32 Verstéiss géint Rouzäite goufen.
Schonn e Mëttwoch huet d'Police op der A6 Camione kontrolléiert. Do goufe 27 vu 45 Gefierer protokolléiert.