Am 18. Deel vun eiser Serie iwwert d'CNS geet et ëm den Transfert an d'Ausland.

Am Fall vun enger Urgence während sengem Openthalt baussent Lëtzebuerg huet een d'Recht op en Remboursement vun den Käschten. Ma wat ass, wann ee sech spezifesch wëll am Ausland well traitéiere loossen?

Den Tim Morizet mam Detail.

AUDIO: CNS-Serie (18. Deel) - Spezifescht Traitement am Ausland

Dierf ee sech fir all Konditioun am Ausland behandele loossen a wéini muss ech eng Genehmegung vun der Gesondheetskeess ufroen?

Do ginn et 3 Situatiounen, déi ee muss ënnerscheeden.

Fir eng Consultatioun am Ausland, spezifesch am Espace Économique Européen an an der Schwäiz, muss ee keen Accord ufroen. Wann awer elo während enger ambulanter Behandlung e speziellt Spidol mat speziellen an deieren Apparater an Usproch geholl gëtt, muss en Accord vun der CNS virleien.

Dëst gëllt natierlech och, wann eng geplangte stationär Behandlung am Ausland gefrot gëtt. Do mécht een awer nees en Ënnerscheed. Den Gaston Fischer, Assistant Projet bei der CNS:

Do gëtt et dann den Ënnerscheed ze maachen tëschent deenen Behandlungen am Espace Économique plus d'Schwäiz a Länner, mat deenen een eng bilateral Konventioun huet, a Länner, wou een zu Lëtzebuerg net konventionéiert ass.

Behandlungen am Espace Économique Européen, do gëtt ee  bei Consultatiounen, wou jo keng Autorisatioun méi néideg ass, einfach zu Lëtzebuerg no de Lëtzebuerger Konditioune rembourséiert. Bei stationären an ambulante Behandlungen an enger Spidolsinfrastruktur, do gëtt den Assuré no de Konditioune vum Behandlungsland rembourséiert. Mä do kënnen dann awer gréisser Ënnerscheeder zum Lëtzebuerger Tarif entstoen.

Am Fall wou de Lëtzebuerger Tarif méi gënschteg ass wei den Tarif am Ausland, kann den Assuré sech e complementairë Remboursement bei der Gesondheetskeess froen. D'Differenz kritt een deen Ament nach no rembourséiert:

Wat elo déi Länner betrefft, mat deene mer eng bilateral Konventioun hunn, dat sinn déi Länner Cap Verde, Bosnien-Herzegowina, Mazedonien, Marokko, Montenegro, Serbien, Tunesien an Tierkei, do gëtt den Assuré ëmmer no deene jeeweilege Legislatioune rembourséiert.

Wann den Traitement an engem net konventionéierten Land autoriséiert ass, da gëtt den Assuré ëmmer no Lëtzebuerger Konditioune rembourséiert. Dat awer nëmme bis zum Montant, deen am Viraus ausgemaach ginn ass. Dat heescht, wann de Lëtzebuerger Tarif méi héich ass wéi deen auslänneschen, da gëtt nëmme bis zum auslänneschen Tarif rembourséiert.