
Dësen Oubli huet awer keen Impakt op d’Validitéit vun de Walen, seet de Minister Gloden, well an de 7 Gemengen deen entspriechende Ziedel lo un d’Bréifwieler nogereecht gëtt.
Den Impakt vun der Informatioun, déi gefeelt hat, op d’Walverhale wier iwwerdeem net z’analyséieren, ouni géint d’Walgeheimnis ze verstoussen, seet de Léon Gloden och nach. Hie verweist op d’Instruktioune, déi och op 5 verschidde Sitten online nozeliesen sinn, ënner anerem op guichet.lu.