De Mid Air Crash bei Pärel am Joer 1944A feierlecher Zeremonie gouf un d'Affer vum Fligerongléck erënnert

RTL Lëtzebuerg
Virun 80 Joer si bei Pärel 18 amerikanesch Zaldote bei engem Fligerongléck ëm d'Liewe komm.
A feierlecher Zeremonie gouf um Freideg un d'Affer vum Fligerongléck erënnert
Virun 80 Joer si bei Pärel 18 amerikanesch Zaldote bei engem Fligerongléck ëm d’Liewe komm.

De Mid Air Crash bei Pärel am Joer 1944 / Reportage Dany Rasqué

An enger feierlecher Zeremonie gouf um Freideg u si erënnert. D’Militärmaschinne waren a Groussbritannien gestart, mat der Missioun fir München ze bombardéieren. Zwee Fliger krute sech an der Loft ze paken a sinn erofgefall.

12 Juli 1944, kuerz viru Mëtteg geschitt d’Ongléck. Zwee US-Bomber vum Typ B-17 Flying Fortress knuppen aneneen. De Fliger mam Numm Curley’s Kids fält bei Wolwen erof, deen anere Fliger mam Numm Offspring crasht bei Pärel an e Gromperefeld.18 Mënsche stierwe beim Ongléck, aus all Maschinn konnt sech just ee Member vum Equipage retten.

Och 80 Joer duerno huet een d’Zaldoten, déi beim Accident gestuerwe sinn, net vergiess. Haut um 80. Joresdag war eng feierlech Zeremonie, fir un d’Affer ze erënneren. D’Fliger-Ongléck gehéiert zu Pärel zur Lokal-Geschicht. Iwwer d’Jore goufen an de Felder ronderëm d’Uertschaft ëmmer nees Stécker vun de Militärmaschinne fonnt. 1998 gouf e Monument fir d’Affer ageweit, dat selwecht Joer ass och e Musée opgaangen. Hei ginn och d’Geschichte vun anere Militärfligeren erzielt, déi verongléckt sinn.

D’Feierlechkeete ronderëm den 80. Joresdag vum Accident ginn och um Samschdeg nach weider. Um Programm stinn ënnert anerem eng Partie Concerten, Visitten a Verkafsstänn.

Back to Top
CIM LOGO