
Wéi de Ministère matdeelt, wiere Fläsche betraff, déi online verkaf gi sinn. Dës “Moët & Chandon Imperial Ice 3L” goufe mat MDMA-Ecstasy gepanscht. Bis ewell si Produite mat de Lousnummere LAJ7QAB6780004 & LAK5SAA6490005 betraff, weiderer sinn net auszeschléissen.
Et kann een dës manipuléiert Fläschen einfach dorunner erkennen, datt de Schampes net spruddelt a méi eng donkel Faarf huet, wéi gewinnt. Bis ewell si Fäll aus Däitschland an Holland bekannt, zu Lëtzebuerg wier nach keng esou eng Fläsch fonnt ginn. Awer sollen d’Consommateuren oppassen.
An Däitschland an Holland, gëtt et am Moment eenzel Fäll vun
«Moët & Chandon Imperial Ice 3L» Fläschen di online verkaf gi sinn a flëssegem MDMA – Extasy enthalen hunn.
Dës Flëssegkeet gouf vun eenzele Leit consomméiert déi krank goufen an eng Persoun ass gestuerwen. D’Lousnummeren vun dëse Produite war LAJ7QAB6780004 & LAK5SAA6490005 (mee aner sinn net auszeschléissen). Den betraffene Produit spruddelt net, ass méi donkel an huet en anere Geroch wéi Schampes.
Am Moment ass Lëtzebuerg net betraff mee di national Autoritéite bieden d’Konsumenten opzepasse beim online akafe vun dësem Produit. Méi Informatiounen um Portail vun der Liewensmëttelsécherheet.