
An esou d’Chancë vun der Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz notzen. Dat huet déi zoustänneg Ministesch Elisabeth Margue vis-à-vis vun RTL ënnerstrach, nodeems d’EU-Memberstaaten en Dënschdeg e Gesetz ugeholl hunn, mat deem e juristesche Kader fir Kënschtlech Intelligenz geschaaft gëtt.
D’EU huet mat dësem Gesetz d’Nues vir, wann et ëm méi streng Reegelen am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz geet a kéint e global Standard fir d’Reguléierung vu KI setzen. Déi zoustänneg Ministesch Elisabeth Margue iwwert den Artificial Intelligence Act:
“Zil ass et, d’Innovatioun an dësem Domaine ze fërderen, d’Europäer als Virreider ze positionéieren a gläichzäiteg dofir ze suergen, datt d’Mënscherechter voll a ganz zu all Ament respektéiert sinn. D’Iddi ass, dëse Prozess positiv ze begleeden an déi méiglech negativ Konsequenze vun der Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz anzeschränken, fir esou Vertrauen ze schafe fir d’Notzer a fir d’Entwécklung vun dësen Applikatiounen.”
Verschidden Applikatiounen, déi géint d’Wäerter vun der EU verstoussen, gi ganz verbueden.
Dozou gehéiert zum Beispill d’Bewäertung vu sozialem Verhalen, de sougenannte “Social Scoring.” A China ginn domadder d’Leit a Verhalenskategorien agedeelt.
An der EU dierf et dann och keng Emotiounserkennung op der Aarbechtsplaz ginn an et ass virgesinn, datt Texter, Toun a Biller, déi mat Kënschtlecher Intelligenz produzéiert ginn, musse markéiert sinn.
Esou Reegelen, wéi d’EU sech elo ginn huet, gi vu ville Regierungen an Aktiviste gefuerdert an déi Reglementéierung ass och de Sujet vun engem Sommet zu Seoul a Südkorea. Do sinn den Ament méi wéi eng Dose grouss Entreprisen aus deem Beräich zesummen. Si verflichte sech ze verëffentlechen, wéi eng Risike vu Kënschtlecher Intelligenz fir si tabu sinn a wat si wëlles hunn ze maachen, fir se ze verhënneren.