Den Ugeklote soll déi 63 Joer al Fra mat engem Fönkabel erdrosselt* an duerno erstach hunn. Dowéinst ass de Mann wéinst Mord ugeklot oder ersatzweis wéinst Doudschlag. Hie sëtzt zanter dem 13. Mee 2023 an Untersuchungshaft zu Suessem am Prisong.
“Mir haten immens Sträit an dunn ass et geschitt”, sot den haut 36 Joer alen Ugekloten iwwert dat, wat den 12. Mee 2023 geschitt ass. Deemools huet hie seng Bekannte fir d’éischt mat engem Fönkabel “erdrosselt” an hir dono mat engem Messer an d’Broscht gestach.
D’Blessur mam Messer ass dann och d’Doudesursaach, dat huet d’Geriichtsmedezin bei der Autopsie festgestallt. Ma och d’Gewalt op den Hals wier net ze ënnerschätze gewiescht. Et wier duerchaus plausibel, dass d'63 Joer al Fra vu sech war, wéi de Mann si schlussendlech erstach huet. Op alle Fall hätt ee keng Ofwierverletzunge beim Affer gesinn. De Messerstéch wier dann och déidlech gewiescht, duerch d’Blutt, dat an den Häerzbeidel gelaf ass, hätt d’Häerz schliisslech opgehale mat Klappen.
D’Toxikologen hu souwuel beim Affer wéi och beim Täter Alkohol a Medikamenter festgestallt. Beim Affer hätt een eng relativ héich Alkoholkonzentratioun festgestallt, déi awer hire Gewunnechten entsprach hätt. Dobäi koum e Cocktail aus Berouegungsmëttel a Schlofmëttel. Dat hätt hir Reaktioun eventuell limitéiert, awer net esou staark, wéi bei enger net-ofhängeger Persoun.
Ob a wéi vill Alkohol den Täter zum Zäitpunkt vun der Dot consomméiert hat, konnt ee réckwierkend net méi genee bestëmmen. Ma an den Hoer hätt ee Spuere vu geleeëntlechem Kokainkonsum fonnt, engem reegelméissege Konsum vu Berouegungsmëttel an Alkohol, deen d’Experten awer net als exzessiv beschreiwen.
Am Laf vun dësem éischte Verhandlungsdag gouf ee méi gewuer iwwert déi speziell Relatioun, déi et tëscht dem Affer G. an dem Täter S. gouf. Zustane komm, ass déi iwwert d’Duechter vun der Madamm G., a si hätt sech verdéift, och nodeems scho kee Kontakt méi tëscht dem S. an der Duechter bestanen hätt.
Déi wier vun enger grousser Ambivalenz gewiescht, erklären de Psychiater an de Psycholog viru Geriicht: Engersäits hätt den S. der Madamm G. wëllen hëllefen, déi selwer Drogen a massiv Alkohol konsuméiert huet. Doriwwer hätt hien Unerkennung gesicht an hätt esouguer deelweis bei hir gewunnt. De Psycholog schwätzt vun enger Bezéiung wéi zu enger Mamm. Op der anerer Säit wier d’Affer ëmmer nees verbal ausfalend géint de jonke Mann ginn, hätt hien als “schwul Sau” bezeechent a gesot, dem jonke Mann seng Mamm wier duerch hie gestuerwen. Dee wier ëmmer méi schlecht mat der Situatioun eens ginn an hätt ëmmer manner mat senger Roserei kënnen ëmgoen.
Den 12. Mee 2023 wier et nees zum Sträit komm. D’Affer wier dem Täter senger Ausso no him zu engem Moment och mat engem Kichemesser nogelaf. De Mann hätt schliisslech de Fön geholl, en der Fra gewisen a gesot, wa si elo net roueg wier, da géif hien hir de Kabel ëm den Hals strécken. Dozou wier et dann och komm an, wéi d’Fra schonn net méi bei sech war, hätt hien zougestach. De Psychiater schwätzt do vun engem “Overkill”, enger Roserei, déi den Täter dee Moment net méi hätt kënnen an de Grëff kréien. Eng Dot am Affekt schléisst hien awer aus, well d’Dot selwer ze laang gedauert hätt. Schliisslech hätt de Mann der Fra fir d’éischt gedreet, d’Wierge selwer hätt eng dräi Minutte gedauert, ier hien dunn d’Messer geholl hat. De Psychiater hält eng “Alternation des capacités de discernement et de contrôle” festgestallt, ma d’Réckfall-Gefor wier relativ kleng.
Den Ugeklote géif dovu profitéieren, wa seng Liewensëmstänn sech géife stabiliséieren. Zum Zäitpunkt vun der Dot hat hie keng Aarbecht, war sozial zimmlech isoléiert. Hien hätt och e relativ niddregen IQ, dat hätt mat dozou bäigedroen, dass den S. aus eegenem Undriff net méi aus der toxescher Relatioun mam Affer erausgaange wier, mee ëmmer nees probéiert hätt, hir Unerkennung ze gewannen. De Psychiater schwätzt vun enger “masoschistescher” Relatioun säitens dem Täter.
No der Dot wier de Mann bei säi Papp gefuer, dee schliisslech d’Police alarméiert huet.
*Juriste maachen en Ënnerscheet tëscht “erwiergen” an “erdrosselen”. “Erwiergen” wier mat den Hänn, “erdrosselen” mat engem Géigestand.