An dëser Roll vun der konstruktiver Oppositioun gesi sech déi gréng, wéi e Samschdeg de Moien um Parteikongress zu Nidderaanwen ervirgaangen ass.
D’Fro, op déi gréng dann nach ëmmer eng Friddenspartei wieren, ass um Kongress da puer Mol opkomm, och emol méi hefteg. D’Co-Parteipresidentin Stéphanie Empain huet awer op déi Fro kloer mat jo geäntwert. Fridde wier nämlech net ze verwiessele mat Ënnerwerfung, an et misst een an d’Ofschreckung investéieren, fir de Krich ze verhënneren. Well Ofschreckung wier ganz kloer Friddenspolitik.
Och wann et ee breede Konsens fir méi héich Verdeedegungsdepensë gouf, dierften des dem Sam Tanson no awer net op Käschte vun anere wichtegen Investitioune goen, well Sécherheet ouni sozial Gerechtegkeet wier wei een, “Haus ouni Fundament”.

Op d’Fro hin, wien dann all déi Investitiounen an d’Defense géif bezuelen, hätt d’Regierung nach ëmmer keng kloer Äntwerte geliwwert. Amplaz vu Steierkaddoe fir déi Räich, missten hei déi héich Fortunë méi konsequent besteiert ginn, dat och fir der Onzefriddenheet an der Gesellschaft an dem Rietspopulismus entgéint ze wierken.
Och a Saache Pensiounsreform hätt ee kloer Aussoe vun de Regierungsparteie vermësst: Wou am Ufank nach vun Upassunge vun der Grondrent geschwat ginn ass, géif een elo vu Säite vun de Regierungsparteie just nach vu “geziilte Mesurë” schwätzen.
Allgemeng fält d’Bilanz vun der CSV-DP Regierung deene Gréngen no also moer aus.
Déi politesch Riede sinn dann och op d’Kärtheme vun der Partei agaangen, well an der CSV-DP Regierung keng Plaz méi fir den Natur- a Klimaschutz wieren. Staark Kritik huet sech dowéinst och géint den Ëmweltminister Serge Wilmes geriicht, dee säin Titel u sech net verdéngt hätt, well deen elementar Hëllefen an der Energietransitioun gestrach hätt, esou de Co-Parteipresident François Benoy.

Et misst een och all Stëmme vun Haass an Diskriminatioun ee kloert Stoppschëld weisen: D’Rechter vun de Minoritéite géif et ze erhale gëllen an d’Stabilitéit vun der Demokratie dierft net op d’Spill gesat ginn. Hei stéingen och d’Regierungsparteien an der Verantwortung fir d’ Spillercher vun de Populisten, sou wei an Däitschland, net “salonsfäeg” ze maachen.
An deem Kader gouf dann och eng Resolutioun um Kongress ugeholl, déi sech fir eng Stäerkung vun der Demokratie an Zäite vum wuessende Rietspopulismus ausschwätzt.