Summersaison zu LëtzebuergA wéi enge Séien a Weiere kann ee schwamme goen?

RTL Lëtzebuerg
De Summer steet virun der Dier a vum 1. Mee u kann ee rëm bausse schwamme goen. Wou d'Waasserqualitéit am Beschten ass, verrode mir Iech an eisem Artikel.
© RTL Archiv

Vum 1. Mee bis den 30. September ass d’Schwammsaison zu Lëtzebuerg nees op. Nieft dem Stauséi dierf een da vun e Mëttwoch un och rëm am “Wämper Séi” zu Wäiswampech, am Iechternacher Séi an an de Baggerweier zu Rëmerschen schwamme goen.

Wéi d’Waassserwirtschaftsamt matdeelt, gëtt d’Qualitéit vun de Gewässer reegelméisseg kontrolléiert an analyséiert. Um Enn vun der leschter Saison war d’Qualitéit zu Wäiswampech, um Stau a gréisstendeels och zu Rëmerschen “excellent”. Ee vun de Baggerweier gouf als “gutt” klasséiert, grad ewéi d’Waasserqualitéit an deem Beräich am Séi zu Iechternach, wou ee schwamme kann.

© Waasserwirtschaftsamt

Déi genee Zonen a Kontrollpunkten kënnt Dir um Site vum Waasserwirtschaftsamt nokucken.

Back to Top
CIM LOGO