Minister net verwonnert iwwer den Avis iwwer Landesplanung

12 formell Oppositiounen: Dem Staatsrot säin Avis zum Projet de loi iwwert d’Landesplanung ass kritesch!
De Staatsrot ass op ville Punkten net d'Accord mam Landesplanungsgesetz. Am ganze gëtt et 12 formell Oppositiounen. Dernieft ass et d'Menace vu 6 weideren oppositions formelles, esou präziséiert et de Service information et presse an engem Communiqué.
Den Haaptreproche vum Staatsrot ass deen, datt den normative Kader vum Text net präzis genuch wier. D'Gesetz huet missten nei ausgeschafft ginn, well 2014 schonn en Text, mat deem an enger zweeter Phas sektoriell Pläng agefouert gi wieren, déi rout Kaart vun der héijer Kierperschaft krut.
Reaktioun vum Camille Gira: "Net verwonnert"
Net verwonnert, net gebremst, um gudde Wee: esou beschreift de Staatssekretär Camille Gira d'Pläng vun der Regierung fir de Projet de loi iwwer den aménagement du territoire.
Do hat de Staatsrot a sengem Avis jo eng Abeezuel vun Oppositions formelles ugedreet. Et gëtt mat der Zäit esou lues knapps, denkt ee vu baussen iwwer dee Projet de loi, 2018 an d' Chamber-Wahlen sinn net méi wäit ewech. Si hätte fest wëlles, den Text nach an dëser Legislaturperiod duerch d'Chamber ze bréngen.
Déi Oppositions formelles hätten iwwregens am Ministère keen iwwerrascht. Et ass e frëndlechen an express en Understatement ass, well jo jorelaang näischt geschitt ass an deem Domaine. Am Fong, seet de Camille Gira, geet et dem Staatsrot drëm, datt méi Präzisiounen direkt am Gesetz stoe sollen. D'Restriktioune sollen direkt an d'Gesetz kommen, et wéisst ee jo schonn, wat ee wéilt drasetzen. En entstpriechend Gesetz wier extrem wichteg; ze vill Wildwuchs hätt et an de leschte Joerzéngte ginn.