Am Kader vum internationalen Dag vun der Hand-Hygiene gouf e Mëttwoch am Gesondheetsministère d'Campagne "Propper Hänn, sécher Hänn" lancéiert.

Mat ënnerschriwwen hunn d'Direktere vun de Spideeler an déi Responsabel vun den Associatioun aus dem Gesondheetssecteur. Dëst Joer gëtt nämlech besonnesch den Akzent op de Management an de Spideeler geluecht.

VIDEO: Internationalen Dag vun der Hand-Hygiene
D'Lydia Mutsch iwwert d'Campagne "Propper Hänn, sécher Hänn".